De Kabarä PEPpERONI gëtt et zanter 2007. De zweete Weekend vum Mount Oktober
stounge mir dat Joer fir d'éischt zwee Owender zu Betten un der Mess op der Bühn.
Zanter hir ass vill Waasser matt der Mess duerch d'Gemeng Dippech gelaf,
mir sinn awer net matt fort gespullt ginn. De Start vun eisen alljährlechen neie
Programmer spille mir mëttlerweil den zweeten an den drëtte Weekend am Oktober,
während véier Owender, am Sall Norbert Sassel zu Betten un der Mess.
Zanter 2013 ass déi véiert Virstellung ee Kabarä-Dinner, eng Formule wou bei eise Spektateure gutt ukomm ass.
Duerno hu mir e puer Optrëtter op enger klenger Tournée haaptsächlech am Süde vum Land.
2017 spille mir eisen zéngten Programm den 13. 14. 20. an 21 Oktober.
Mir sinn awer och soss nach aktiv an eiser Gemeng. Zanter 2011 feiere mir am Februar mam Café Um Bur d'Bettener Kiermes, a mir hëllefe bei der Feier fir Nationalfeierdag.