|
Nathalie Scholtes
|
| Aktrice |
| Alter : |
20 oder sou
|
| Bühnenerfahrung : |
Jugendtheater Flëntermeis
Seit 2008 beim Kabarä Pepperoni vun Dippech
|
| |
|
Laut him, dat Jéngst an der Equipe. Mä daat well näischt soën, well et ass wou et kleng wor aus der Poussette op d'Bühn vum Jugendtheater "Flëntermeis" vun Holzem gefall. All Versuch hat dovunner erof ze kréien wor während Joren emsoss. Elo wou ët aus den Flëntermeis eraus gewues ass, huet hatt emol op der Uni Luxusbuerg bei engem Théaterstéck mattgespillt.
|
| Julie Huberty |
 |
|
Aktrice
|
|
Alter :
|
Huet ët eis nach nët gesot. |
|
Bühnenerfahrung :
|
Jugendtheater Flëntermeis
Caper Piwitschen
Seit 2009 beim Kabarä Pepperoni vun Dippech
|
| |
|
|
Ganz nei am Team, mä direkt ugepasst, wat dat och ëmmer heescht. Passt an d'Team wéi d'Fauscht op d'A.
Zimmlech rauh Stemm, ansonsten nawell recht mell. Schwetzt dachs kannerech, pardon, hat kann ganz gudd Kannerstëmmen nomaachen.
|
 |
Fränk Jager |
|
Akteur, Régisseur an Auteur
|
|
Alter :
|
Virun 1960 gebuer, t'mierkt een dat awer nët
|
|
Bühnenerfahrung :
|
18 Joër am Theater Schmunzelkescht vun Garnech als Akteur a Regisseur
Seit 2007 beim Kabarä Pepperoni vun Dippech
Auteur vun bis elo 299 Sketcher, an vun enger Bühnenadaptatioun vun engem Kannerbuch.
|
| |
|
Huet seng Paraderoll als Dulles um Bockel. Am noën Bekanntekrees gët hien dachs als Dulles ugeschwat, wat hien als Kompliment unhëllt, mä seng Fra ëmmer derzou leet ze soën, hien ass keen Dulles. Bréngt ët awer och nach färdeg aner Rollen ze spillen.
Als Regisseur muss hien eng Wandergrupp vun Akteuren duerch décken Niwwel, Reen, vereisten Buedem quesch iwwert een Terrain féieren, an muss duerfir suergen datt se all bei gudder Laun a wa méiglech zur selwechter Zäit un engem an deem selwechten Ziel ukommen. Een ellenen Nieweneffekt vun him ass : Schnëppt andauernd mat de Fangeren fir d’Prouwen ze stéieren.
|
| Sabine Altenhoven |
 |
|
Aktrice
|
|
Alter :
|
Jonk, ganz jonk |
|
Bühnenerfahrung :
|
Huet fréier am Schoultheater eng Sonnenblumm an een Hues gespillt.
Seit 2009 beim Kabarä Pepperoni vun Dippech
|
| |
|
|
Säin Papp sot zu him : Kuck dass de grouss an stark gëss, well du kris de Bak nët zou an du bass frech.
An wou deen Mann Recht huet, do huet hien Recht.
Déi eenzeg Manéier fir dass hatt manner schnësst, t'muss een de Stecker zéien.
Eenzegen Problem ... mir hun de Stecker nach nët fonnt.
Hatt ass awer voll an der Rei an ät wäert Iech positif iwwerraschen.
Eis huet ët schon.
|
 |
Sven Fischer
|
| Akteur |
Alter :
|
Em déi 26
|
|
Bühnenerfahrung :
|
2 Joër am Theater Schmunzelkescht vun Garnech
Seit 2007 beim Kabarä Pepperoni vun Dippech
|
| |
|
|
Mir ruffen hien Fëscher, obschon hien nët fëschen geet. Verspillt bis ët gët nët méi.
Séngt gär an haart obschon hien nët sangen kann, den Dokter huet him sangen verbueden.
Merci Dokter.
|
Nídia Fileno
|
 |
| Sekretärin |
Alter :
|
Tëscht 20 an 30
|
|
| |
|
Hëlleft virun an hannert der Bühn an probéiert iwwert alles Buch ze féieren, an dat op lëtzebuergesch, an ouni Feeler.
Jee, hat mecht säin Bescht, fir dass eis Nokommen och eppes ze laachen hun.
Material fënnt hat genuch, bei deem Blödsinn wou déi aner maachen.
Bréngt ët awer och färdeg däers selwer ze produzéieren.
|
 |
Romy Jager
|
| Pësperin |
Alter :
|
Daat freet een eng Fra nët
|
|
| |
|
Pëspert, mecht d’Luuten un an aus, oder och nët, oder zum falschen Zäitpunkt, um Rido huet ët nach nët gezunn, well mer, éischtens keen hun, an zweetens keen wëllen. Kritt vun jidderengem un allem Schold wann eppes nët klappt op der Bühn, mä kann gudd domat liewen. Giff heiansdo gäer d’Rido zou zéien, mä Gott sei Dank hun mer jo keng.
|
|