| Mir sin |
|
|
|
Fir d’éischt eng Léierstonn.
Wat heescht an ass Kabarä ?
Ma d’Wuert kënnt aus dem franséischen, wou ët cabaret heescht, mir giffen Schenk oder Schenke soën. Dat ass awer nët op Geschenk geduecht, mä éischter eng Plaz wou eppes ausgeschenkt gët, zum Beispill een Bistro.
Esou ass dann och am Joër 1880 zu Paräis den éischten Cabaret artistique vum Rodolphe Salis opgemaach gin. Kurz drop krut dësen Cabaret den Numm „Chat Noir“ an d’Artisten, op Moler, Sänger oder Literat, vun ganz Paräis hun sech hei getraff an sech géigensäiteg hir Nummeren gewissen, ir se déi, op Lidd, Bild, politeschen Sketch, Witz oder Poesie dem Publikum gewisen hun.
![]()
An wat huet dat alles mat eis ze din ? Nët vill. Obschon mir treffen eis och, fir een deem aneren Sketcher ze weisen an dann zesummen se an ze prouwen, gin och gär an de Bistro e Patt huelen, an mir weisen den Léit och gär eis Sketcher fir se laachen ze doën. |
| < zurück | weiter > |
|---|