DVD Zevill ass nët genuch Drucken E-Mail
Tuesday, 12. October 2010
Dir kent elo schon den DVD vun desem Joer virbestellen zum Präis vun 18€. Schéckt eis einfach eng email op  Diese E-Mail Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können  oder schreiwt eis hei um Site. Soubaal den DVD färdeg ass kritt der en dann Heem gescheckt.
 
Photoen sin do Drucken E-Mail
Sunday, 10. October 2010
d'Photoen vum Kabarä 2010 Zevill ass net genuch sin elo online. Dir kënt se hei kucken.
 
Lëtzebuerger Owend 2010 Drucken E-Mail
Monday, 27. September 2010
Déi éischt Editioun vun eisem Lëtzebuerger Owend wor en Erfollëg. Et wor en super Owend, jiddereen huet sech pupsaat giess an gesongen gouff och. Photoen kënt der hei kucken.
 
Den Programm 2012 Drucken E-Mail
Thursday, 28. January 2010

De Programm ass esou gudd wéi färdeg. D'Prouwen gin am August un. Eventuell nei Akteuren stin bereet.

Den 12. an den 13. Oktober spillen mer den Programm 2012 " Drënner an Driwwer"

Reservatiounen kënnt der maachen um Tel: 621 41 40 30 oder mat engem Mail hei op den Site.

 
Weider Optrëtter 2012 Drucken E-Mail
Wednesday, 2. December 2009

Bis elo stin fir d'Saison 2012 folgend Optrëtter um Programm:

12. an 13. Oktober um 20.00 Auer am Centre Norbert Sassel zu Betteng op der Mess.

28.Oktober um 16.00 Auer zu Helmseng / Luerentzweiler

Org. : TCL Lorentzweiler

10. November um 20.00 Auer zu Roeser

Org.  : Rotary Club

24. November zu Holzem

Org. : Theaterkëscht Gemeng Mamer

Aner Datumer sin nach an der Planung.

 
A wat ass ..... Drucken E-Mail
Tuesday, 7. April 2009

 

«  ZEVILL ASS NËT GENUCH »

D’hänkt dovunner of wéi een wat gesäit.    Mir kucken déi eng Saachen vun där enger, an aner Saachen vun där anerer Säit. Méiglechkeeten fir dat ze maachen gin ët der vill : beim Guru aus der Belge, am lëtzebuerger Handwierk, bei den Léit wou d’Ierwschaft nët schnell genuch kënnt, wann Männer mueres fréi fëschen gin, an der Opklärung vun gëschter an an där vun haut, bei den jonken Pensionären, an der Politik, an der Religioun, als Sekretärin beim Patron, beim Staat, am Verkéier, garantéiert beim fëmmen, an méi wéi sëcher och am Bestiednis.