| Eintrag 1 - 27 vun insgesamt 27 |
Neien Eintrag verfassen |
Camille
Bascharage
|
Hallo Léit
Ech wor Iech op Khäerjheng kucken komm an ech kann nëmmen soën : Super.
Maacht virun esou |
| |
   
|
Myriam
Luerentzweiler
|

flotten Programm
all dei den en net gesin hun kennen gären ob Luerentzweiler kommen
ob ** steet Telfonnummer mais dei steet och hei
ciao ciao
machen beschen Reklamm lo hei :-) |
| |
   
|
Nath & Fonz
Bieles
|
Einfach nëmmen genial, maer hun gudd gelaacht an fréen eis schon op eppes Neies vun den Pepperoni'en" fir 2011..... weider sou |
| |
   
|
Pol
Bascharage
|
Also ech muss soën GENIAL
Ech kann nëmmen all Mensch roden: Gitt ze kucken, deet Iech nët Leed, mir huet ët och nët Leed gedon.Fréen mech op d'nächst Joër
Poli fir d'éischt awer nët fir d'Lescht bei Iech.
|
| |
   
|
Eric
Uewerkur
|
Super Kabarä 2010
Also ech hun ët einfach super fonnt. An well zevill nët genuch ass kommen ech Iech nach eng Keier mat Kollegen op Luerenzweiler kucken.
Chapeau fir Är ganz Equibe. D'Zugaab wor einfach genial. Wënschen deenen Zwee all Gudds.
Eric |
| |
   
|
Jo. Fileno
Niederkärjeng
|
TELEGRAMM fir Kabarä Pepperoni
SUPER... (stop) gut gellaacht...(stop) dir sid eng ganz gut equip...(stop) a ganz flotten Owend...(stop) maacht weider esou weil "zevill ass nët genuch" (stop)...Waarten op den 2.Weekend Oktober 2011 (stop)
Ären FAN. |
| |
   
|
Joëlle
Betebuerg
|
Et war wei emmer super flott an mir hun gudd gelaacht.
En event, daat een nët verpassen dierf.
Maacht weider sou  |
| |
   
|
Nadine
Lampech
|
ech gratuleieren äech respekt dat war richteg gut, macht weider esou. ech wenschen äech nach vill Leit dei kucken kommen, bis dann dei nächsten keier  |
| |
   
|
albertine
dippech
|

also, dest joer wor et erem immens....dier maacht daat all Joer besser an dier sidd eng super equipe.....zevill laachen ass nie genuch dofir weider esou...1.Weekend Oktober 2011 ass gebucht.
merci fir deen flotten Owend |
| |
   
|
albertine
dippech
|
wann ech die gudd Echoen vun geschter heieren, hun ech den Bauch nach mei wei..op jiddefall reserveeirt mir schons eng Plaatz fir den 26.Oktober zu Uewerkärjeng, do sin ech dobai.. |
| |
   
|
Lou
Schuller
|
Hi da gët dach net emmer dem armen Romaine d'schold ech konnt et emmer gut gebrauchen an et nie eppes falsch gemât  |
| |
   
|
de reiber
dudeldippech
|
vue que dass meng agenda surchargéiert ass,brauch ech aer datummen fier meng zukunft |
| |
   
|
Fëscher
Kaerjeng
|
Ech wollt einfach mol eng keier eisen Fans Merci soen. Merci dass der sou zou eis haalt, ech hoffen dir kritt och an Zukunft weiderhin souvill Laachkrämp wann et erem heescht "Bühn frei vir den Kabarä PEPpERONI".
Merci all eisen Fans, ouni Iech wären mir naischt. |
| |
   
|
albertine
dippech
|
wann een bei iech kent fir den kabarä fir är dommheeten ze lauschteren därf een net vergiessen eng pampers unzedinn, well matt deem villen laachen kann et emol séier schief goen ech kann nemmen soen, wann dier e flotten owend matt kollegen wellt verbrengen dann lued se all an d'autoen an gitt den Kabarä pepperoni kucken an lauschteren...duerno gett nach e patt mat der equipe gedronk an dann huet ee nach laang eppes vun deem flotten owend..well laachen ass gesond.(nach emmer..) |
| |
   
|
Arlette
Septfontaines
|
Et war génial, and Nathalie Schillinger as déi beschten portugiesin déi et get Mach weider esou!Et mecht all Joer Spass ech erem ze gesinn |
| |
   
|
Neu Gibbes
Pontpierre
|
Moien
Sin Iech op Eilereng kucken komm.
Hun gudd gelaach.
Kinnt een bei Iech matmaachen.
Hun schon Theater gespillt, mä nach nie Kabarä.
Dat giff mech reizen.....
Waarten op Är Äntwert.
Gibbes Neu |
| |
   
|
Fons
|
Salut Pepperoni
Vill Gudds, an nemmen wéineg nët esou gudd
T'wor super.Hun vill gelaacht.Hun een schéinen Owend bei Iech verbruecht. Well nees eng Invitatioun fir nàchst joer.
Fonsi |
| |
   
|
Anette
Petange
|
Hutt mer gefall bei Iech
Kommen emmer erem kucken
Anette Schons |
| |
   
|
Jules
Monnerech
|
Super Ären neien Programm
Kommen nächst Joër nees kucken
Schéckt mer een Mail wann et esou wäit ass
Jules |
| |
   
|
Grégory
Am moment Sherbrooke
|
Hallo,
Ech wenschen ierch alleguer ganz vill Spass op der Bühn. Ech kann leider net meng Maus (Nathalie ;-)) kuken kommen mee ech wenschen ierch alles guddes hei aus dem kaalen Québec.
Grégory |
| |
   
|
Blummen an Gaardenfrenn Zolwer
|
Bonjour,
mir sin den Blummen an Gaardenverein vun Zolwer an sichen een Group fir Animatioun vir ons Kreeschtfeier! Dei Feier ass Sonndes den 16 Dezember mettes um 15 Auer.
Merci villmols am virraus
Den President GONDERINGER F |
| |
   
|
Luc (Nathalie sein Bruderherz)
Bounnenweg-Staadt
|
Ech, ech hun nemmen gestaunt awer och ganz vill gelaacht. Waat daer do bruecht hutt op der klenger Theaterbühnewelt war einfach immense. Reschpekt an weider esou. |
| |
   
|
ROLL Fernand
Kayl
|
Gudde Moien
Fir eise Jugend-Supporterclub vum Käler Basket wollt ech mech schlau maachen, wei een viirgeet fir Iech ze engageieren an waat dann de Präis ass mat allem Drem an Drun.
Mär sinn e Grapp voll Leit dei sech em d'Jugendspiller vum Basket RED MINERS kemmeren an dofir sinn mer emmer op der Sich waat mer kennen maachen fir eppes an eis Keess ze kreien datt mer eise Kanner eppes kenne bidden ( z.B. Chreschtfeier oder Summerausfluch )
Merci an matt beschten Greiss
Fern Roll |
| |
   
|
Lynn (dem Gaby sei Meedchen)
Rodange
|
Hey dir! Et war super an freen mech ob den nächsten Owend wu da obtrieden wierd an meng Mama as richteg neidesch dad se net kont kuken komen well hun hier gezielt wei Super dir ward! Decke Kussi bis engkeier am Café um Bur, wou sos =) |
| |
   
|
albertine
dippech
|
hallo dier witzbolden! ech (an net ech eleng) hun schons laang net méi esou gudd gelaach wie deen owend zu betteng an dofir soen ech iech alleguer merci.ech wenschen iech nach wéider esou vill erfolleg an dass dier nach oft esou vill leit kennt glecklech maachen wie deen owend.laachen ass gesond, also merci..... |
| |
   
|
Jessy Moretti
Luxembourg
|
Dir war alleguerten genial, ech hun daat super fonnt....
ech drecken iech daumen....;-)
ech well gaeren informeiert bleiwen wann dir nach spielt
|
| |
   
|
Piddy
Bettange-Mess
|
Bon ech sin jo dann den eischten, den hei eppes schreiwt. Wollt just nach eng Keier soen, dass ech mech gutt amuseiert hun mat ärch an maacht weider sou.Fannen et wichteg,dass och an eiser Gemeng Theater gespillt gett. |
| |
   
|